Eis CSV Kandidatinnen a Kandidatelëscht fir d’Gemengewalen 2023
| News
Dr. Kalweit Renate : 58 Joer – Gynécologue
Koks Vincent: 25 Joer – Éducateur diplômé a Student « Assistant social »
Lutgen Charel : 28 Joer – Éducateur gradué
Momper Julie : 28 Joer – Master an der Germanistik
Nicolay Pascal : 53 Joer (Schäffen) – Bibliothécaire-documentaliste gradué
Oliveira Monteiro Melanie : 32 Joer – Enseignante
Peiffer Tom : 28 Joer – Enseignant
Pinto-Grosber Ana : 47 Joer – Fonctionnaire
Rasqui Luc : 56 Joer (Gemengeconseiller) – Fonctionnaire
Renckens Lucien : 65 Joer – pensionéierte Fonctionnaire
Schaaf Jean-Paul: 57 Joer (Buergermeeschter an Députéierten) – Assistant social
Wagener Elisabeth : 34 Joer – Assistante sociale
Generalversammlung
| News
CSV Ettelbréck um Néijoerspatt
| News
Eis néi Ekipp am Gemengerot
| News
An den leschten Deeg koum et zu 2 Changementer an eiser Ettelbrécker Fraktioun vum Gemengerot. Aus gesondheetlechen Grënn konnt den Paul Solvi säin Mandat leider nemméi weider maachen, sou dat den Luc Rasqui (mat 1.016 Stëmmen bei den leschten Gemengewalen) säit gëschter offiziell am Gemengerot ass. Mir wëllen awer och op dëser Plaatz dem Paul villmools Merci soen fir seng immens an onermiddlech Aarbecht wärend deenen 5 Joer an wënschen him déi néideg Kraaft fir seng Zukunft Den 2ten Changement ass dat mir och elo een néi Schäffen hunn an eiser Gemeng an zwar den Pascal Nicolay (mat 1391 Stëmmen – 2017). Dem Pascal an dem Luc wënschen mir vill Erfolleg fir den Challenge, den ob si 2 duer kënnt Eng CSV mat enger dynamescher Ekipp fir Iech, fir d‘Zukunft an fir Ettelbréck.
Claude Wiseler, Invité vun der Redaktioun op RTL
| News
Covid-Pandemie: D’Vakanz notzen fir an der Rentrée op all Eventualitéit virbereet ze sinn.
De Claude Wiseler op RTL 92,5, 16. August 2021
https://www.rtl.lu/radio/invite-vun-der-redaktioun/a/1770065.html
GEMENGEWAHLEN 2017
Hei den Iwwerbléck vum Wahlresultat vun der Gemeng Ettelbréck-Waarken vum 8. Oktober
D’CSV Ettelbréck-Waarken seet Iech villmools Merci fir Äert Vertrauen!
Quelle: rtl.lu
D’Resultater vun de Gemengewahlen 2017
Hei den Iwwerbléck vum Wahlresultat vun der Gemeng Ettelbréck-Waarken vum 8. Oktober
D’CSV Ettelbréck-Waarken seet Iech villmools Merci fir Äert Vertrauen!
Quelle: rtl.lu
Aktualitéit
| News
PRESSEREVUE
Jean-Paul Schaaf sieht Rolle der Nordstad bei der Gemeindefinanzierung übergangen
Liest hei den Artikel vum Lëtzebuerger Wort vum 20.04.2019.
PRESSEREVUE
Projet Ettelbrécker Gare
Déi éischt Etapp vun de Stroossenaarbechten an der Rue Prince Henri ginn op een Enn, liest hei den Artikel vum Lëtzebuerger Wort vum 01.04.2019.
PRESSEREVUE
En Artikel iwwert d’Waasserversuergung an eiser Gemeng am Lëtzebuerger Wort vum 28.03.2019.
GENERALVERSAMMLUNG 2019
De 27. Mäerz 2019 hate mir eis Generalversammlung am Festsall vum Stadhaus ofgehalen. Kuckt hei eis Presentatioun:
Besonnesch frou ware mir iwwert de Besuch vun de Kandidate fir d’Europawahlen: Isabel Wiseler-Lima , d’Martine Kemp, d’Liane Kraus-Felten an dem Stefano d’Agostino (de Christophe Hansen an de Romain Osweiler haten sëch entschëllegt).
Ausserdem ware mir frou d’Fraktiounspresidentin Martine Hansen an den Deputéierten Claude Wiseler konnten ze begréissen, esou wéi d’Kollege vun Dikrech a Persoun vum Dr. Paul Bonert a Charles Weileran de Sascha Epp vun der Sektioun Wooltz.
MAMMENDAAGSAKTIOUN 2018
D’CSV FRAKTIOUN AM GEMENGEROT 2018
vu lénks no riets:
Jean-Paul SCHAAF, Pascal NICOLAY, Mireille REUTER-SCHMIT, Dr. Paul SOLVI, Edmée FEITH-JUNCKER
PRESSEREVUE
Interview am Lëtzebuerger Wort vum 10.03.2018mam Jean-Paul Schaaf a Pascal Nicolay iwwert Sécherheet an eiser Gemeng
GEMENGEWAHLEN 2017
Hei den Iwwerbléck vum Wahlresultat vun der Gemeng Ettelbréck-Waarken vum 8. Oktober
D’CSV Ettelbréck-Waarken seet Iech villmools Merci fir Äert Vertrauen!
Quelle: rtl.lu
Äer Kandidaten
Nodeems d’Generalversammlung vun der CSV Sektioun Ettelbréck-Waarken d’Kandidatelëscht fir d’Gemengewahlen 2017 ugeholl huet, stelle mir Iech hei elo déi 13 Kandidaten am Detail fir:
äre Spëtzekandidat
Jean-Paul SCHAAF
51 Joër, bestuet a Papp vun 3 Kanner.
De Jean-Paul ass zënter 1994 am Gemengerot an vun 2003 un Buergermeeschter vun der Stad Ettelbréck.
Vu Beruff ass hien Assistant-social am Edukatiounsministär.
Sonja CONZEMIUS
D’Sonja wunnt zu Waarken an huet 30 Joër, ass Jonggesellin an schafft als Affekotin.
Sonia DA SILVA ép. LAGE
D’Sonia huet 35 Joër, wunnt zu Ettelbréck, ass bestuet a Mamm vun 2 Kanner
a schafft als Sekretärin beim LCGB Ettelbréck.
Viviane DICHTER ép. THEIS
D’Viviane huet 51 Joër, wunnt zu Ettelbréck ass bestuet a Mamm vun 2 Kanner
an as Responsabel vun der Ressources Humaines – Formation am CHdN.
Patrick DIEDERICH
De Paddy huet 28 Joër, wunnt zu Ettelbréck, ass Jonggesell
an schafft als Architekt bei Jonas Architectes et Associés zu Ettelbréck.
Edmée JUNCKER ép. FEITH
63 Joër, bestuet a Mamm vun 2 Meedercher a wunnt zu Ettelbréck.
D’Edmée ass zënter Januar 2000 am Gemengerot a war dovunner 6 Joër am Schäfferot.
Pascal NICOLAY
De Pascal huet 47 Joër, wunnt zu Ettelbréck, ass Jonggesell, Bibliothécaire
an zënter 2005 am Ettelbrécker Gemengerot.
Ana PINTO
D’Ana wunnt och zu Ettelbréck, huet 41 Joër, Mamm vun 2 Kanner, ass d’Liewenspartnerin
vum Paul Grosber a schafft als Fonctionnaire.
Luc RASQUI
50 Joër, vun Ettelbréck, ass bestuet a Papp vun 2 Jongen.
De Luc schafft als Spuerkeesbeamten op der Agence zu Ettelbréck.
Lucien RENCKENS
De Luss huet 59 Joër, ass Papp vun 2 Kanner, wunnt zu Ettelbréck an schafft als Fonctionnaire op der Post.
Mireille SCHMIT ép. REUTER
D’Mireille wunnt zu Waarken, huet 49 Joër, ass bestuet a Mamm vun 2 Jongen
a schafft als Ekonomiesprofesser an der Ecole Privée Sainte-Anne zu Ettelbréck.
Dr. Paul SOLVI
De Paul wunnt zu Ettelbréck an huet 63 Joër, ass bestuet a Papp vun 2 Meedercher a schafft am CHdN als Chirurg.
Elisabeth WAGNER
D’Elisabeth huet 28 Joër, wunnt zu Waarken, ass Jonggesellin an schafft als Assistante sociale.