Nodeems d’Generalversammlung vun der CSV Sektioun Ettelbréck-Waarken d’Kandidatelëscht fir d’Gemengewahlen 2017 ugeholl huet, stelle mir Iech hei elo déi 13 Kandidaten am Detail fir:
äre Spëtzekandidat
Jean-Paul SCHAAF
51 Joër, bestuet a Papp vun 3 Kanner.
De Jean-Paul ass zënter 1994 am Gemengerot an vun 2003 un Buergermeeschter vun der Stad Ettelbréck.
Vu Beruff ass hien Assistant-social am Edukatiounsministär.
![](https://ettelbreck.csv.lu/files/2017/04/Schaaf-Jean-Paul_6102-203x300.jpg)
Sonja CONZEMIUS
D’Sonja wunnt zu Waarken an huet 30 Joër, ass Jonggesellin an schafft als Affekotin.
![](https://ettelbreck.csv.lu/files/2017/04/Conzemius-Sonja_0012-201x300.jpg)
Sonia DA SILVA ép. LAGE
D’Sonia huet 35 Joër, wunnt zu Ettelbréck, ass bestuet a Mamm vun 2 Kanner
a schafft als Sekretärin beim LCGB Ettelbréck.
![](https://ettelbreck.csv.lu/files/2017/04/Da-Silva-Sonia_0021-201x300.jpg)
Viviane DICHTER ép. THEIS
D’Viviane huet 51 Joër, wunnt zu Ettelbréck ass bestuet a Mamm vun 2 Kanner
an as Responsabel vun der Ressources Humaines – Formation am CHdN.
![](https://ettelbreck.csv.lu/files/2017/04/Dichter-Viviane_0015-201x300.jpg)
Patrick DIEDERICH
De Paddy huet 28 Joër, wunnt zu Ettelbréck, ass Jonggesell
an schafft als Architekt bei Jonas Architectes et Associés zu Ettelbréck.
![](https://ettelbreck.csv.lu/files/2017/04/Diederich-Patrick_6105-203x300.jpg)
Edmée JUNCKER ép. FEITH
63 Joër, bestuet a Mamm vun 2 Meedercher a wunnt zu Ettelbréck.
D’Edmée ass zënter Januar 2000 am Gemengerot a war dovunner 6 Joër am Schäfferot.
![](https://ettelbreck.csv.lu/files/2017/04/Juncker-Edmée_6155-200x300.jpg)
Pascal NICOLAY
De Pascal huet 47 Joër, wunnt zu Ettelbréck, ass Jonggesell, Bibliothécaire
an zënter 2005 am Ettelbrécker Gemengerot.
![](https://ettelbreck.csv.lu/files/2017/04/Nicolay-Pascal_6148-200x300.jpg)
Ana PINTO
D’Ana wunnt och zu Ettelbréck, huet 41 Joër, Mamm vun 2 Kanner, ass d’Liewenspartnerin
vum Paul Grosber a schafft als Fonctionnaire.
![](https://ettelbreck.csv.lu/files/2017/04/Pinto-Ana_6114-203x300.jpg)
Luc RASQUI
50 Joër, vun Ettelbréck, ass bestuet a Papp vun 2 Jongen.
De Luc schafft als Spuerkeesbeamten op der Agence zu Ettelbréck.
![](https://ettelbreck.csv.lu/files/2017/04/Rasqui-Luc_6589soft-195x300.jpg)
Lucien RENCKENS
De Luss huet 59 Joër, ass Papp vun 2 Kanner, wunnt zu Ettelbréck an schafft als Fonctionnaire op der Post.
![](https://ettelbreck.csv.lu/files/2017/04/Renckens-Lucien_6171-200x300.jpg)
Mireille SCHMIT ép. REUTER
D’Mireille wunnt zu Waarken, huet 49 Joër, ass bestuet a Mamm vun 2 Jongen
a schafft als Ekonomiesprofesser an der Ecole Privée Sainte-Anne zu Ettelbréck.
![](https://ettelbreck.csv.lu/files/2017/04/Reuter-Mireille_6136-203x300.jpg)
Dr. Paul SOLVI
De Paul wunnt zu Ettelbréck an huet 63 Joër, ass bestuet a Papp vun 2 Meedercher a schafft am CHdN als Chirurg.
![](https://ettelbreck.csv.lu/files/2017/04/Solvi-Paul_6165-200x300.jpg)
Elisabeth WAGNER
D’Elisabeth huet 28 Joër, wunnt zu Waarken, ass Jonggesellin an schafft als Assistante sociale.
![](https://ettelbreck.csv.lu/files/2017/04/Wagner-Elisabeth_6120-203x300.jpg)
Very good info can be found on website.Leadership