Eis néi Ekipp am Gemengerot

An den leschten Deeg koum et zu 2 Changementer an eiser Ettelbrécker Fraktioun vum Gemengerot. Aus gesondheetlechen Grënn konnt den Paul Solvi säin Mandat leider nemméi weider maachen, sou dat den Luc Rasqui (mat 1.016 Stëmmen bei den leschten Gemengewalen) säit gëschter offiziell am Gemengerot ass. Mir wëllen awer och op dëser Plaatz dem Paul villmools Merci soen fir seng immens an onermiddlech Aarbecht wärend deenen 5 Joer an wënschen him déi néideg Kraaft fir seng Zukunft 🍀 Den 2ten Changement ass dat mir och elo een néi Schäffen hunn an eiser Gemeng an zwar den Pascal Nicolay (mat 1391 Stëmmen – 2017). Dem Pascal an dem Luc wënschen mir vill Erfolleg fir den Challenge, den ob si 2 duer kënnt 🫵🏼 Eng CSV mat enger dynamescher Ekipp fir Iech, fir d‘Zukunft an fir Ettelbréck.

https://www.facebook.com/csvettelbreck/posts/pfbid02ss7nTWWXAEYJfsVze8rR8mzda8XEB7skq3zvYKg4xkTLXvkRBHfstNSWWPHdDU14l?notif_id=1664884658811605&notif_t=feedback_reaction_generic&ref=notif

 

Keine Beschreibung verfügbar. Keine Beschreibung verfügbar. Keine Beschreibung verfügbar.