Luc Rasqui
50, Conseiller Logement Spuerkees, Ettelbréck
Luc Rasqui
- Bestuet a Papp vun 2 Jongen
- Conseiller Logement op der Spuerkees
- Comitésmember vum DT Etzella
- Member vun der Jugendkommissioun vum BBC Etzella

Als Ettelbrécker Jong läit dem Luc Rasqui vill un enger dynamescher Entwécklung, enger verbesserter Liewensqualitéit an der Attraktivitéit vun eiser Stad, souwéi enger gesonder Finanzpolitik fir weiderhin genuch finanzielle Spillraum fir flott Projeten ze hunn.

Hien sëtzt sech mat Häerz a Séil fir Jugendaarbecht an 2 Sportsveräiner vun eiser Gemeng an. Mä och d’Ëmwelt, d’Fräizäitgestaltung an d’Familljepolitik leien him um Häerz.