Edmée Juncker ép Feith
64, Fonctionnaire e.r., Ettelbréck
Edmée Juncker ép Feith
- Bestuet a Mamm vun 2 Meedercher
- Fonctionnaire e.r.
- Gemengerotsmember
- Presidentin vun der "Commission des relations humaines"
- Co-Presidentin vun der "Commission de la circulation, de l'accessibilité et de la mobilité douce"
- Member vun der Schoulkommissioun
- Presidentin vun der CSV Sektioun Ettelbréck-Waarken

Mat Häerz an Engagement setzt d’Edmée Juncker sech zënter 18 Joer am Gemengen-, a Schäfferot fir d’Wuel vun alle Bierger aus eiser Gemeng an.

Eng gréisstméiglech Sécherheet an alle Liewenssituatiounen, eng nohalteg Ëmwelt, eng adequat Verbesserung vun der haiteger Verkéierssituatioun an eng Stäerkung vum Tourismus a vun der Geschäftswelt, dat sinn ënner Aneren d’politesch Zieler déi d’Edmée sech och fir déi nächst 6 Joer gesat huet.

Als Schäffen- an Gemengerotsmember huet hat sech verstärkt fir déi pädagogesch Konzeptioun an den Opbau vun der Maison Relais agesat, déi d’Fréijoer 2018 opgeet.

„Sech engagéieren fir kënne matzegestalten an esou Situatiounen ze verbesseren“ war, ass a bléift dem Edmée Juncker säi Motto.