Mireille Schmit ép. Reuter
50, Ekonomiesprofesser, Waarken
Mireille Schmit ép. Reuter
- Bestuet a Mamm vun 2 Jongen
- Ekonomiesprofesser an der Ecole Privée Sainte-Anne
- Member vun der "Commission des Finances"
- Member vun der "Conférence Saint-Vincent de Paul" vun Ettelbréck
- Vizepresidentin vum "Lions Club Titanium"

Fir d’Mireille Schmit ass et wichteg en oppent Ouer fir d’Suergen an d’Uleies vun de Bierger ze hunn. Dowéinst engagéiert hatt sech an der  Vinzenzkonferenz, déi Léit a Nout bei hëlleft. Als Member vun engem Service Club setzt hat sech fir sozial Projeten zu Lëzebuerg an.

Als Ekonomist leet d’Mireille Schmit grousse Wäert op eng responsabel Finanzpolitik. Hatt huet sech schonn a jonke Joren fir d’Politik interesséiert a war CSJ Presidentin vum Norden a laangjärege Member vum CSF-Nationalkomitee respektiv vun der CSF-Norden.