Jean-Paul Schaaf
51, Buergermeeschter, Assistant social, Ettelbréck
Jean-Paul Schaaf
- Bestuet a Papp vun 3 Kanner
- Assistant social
- Buergermeeschter
- President vun der "Commission des bâtisses et de l'urbanisme"
- Vertrieder am Conservatoire, Syndikat Fridhaff (ZANO), "Comité Politique Nordstad" an am Verwaltungsrot vun der Klinik (CHdN)

De Jean-Paul Schaaf ass 1994 an den Gemengerot komm an féiert zënter 2003 eis Gemeng als Buergermeeschter. Seng sozial Oder, seng Freed un de Mënschen a säi Verständnis fir di perséinlech Uleies vun de Léit maachen aus him ee jovialen Politiker fir unzepaken. Dass hien ee Frënd vum Vëlo ass, an dësen och an all Planung Rechnung dréit, brauch ee net méi ze soen. Hei bleift nach vill ze maachen, an dat spornt hien un. An de leschten 15 Joer huet eis Gemeng sech vill verbessert a Saachen Infrastruktur, Versuergungssécherheet, Equipementer an Stroossebau. An der leschter Period 2011-2017 lung dem Jean-Paul ganz besonnesch Biergerbedeelegung um Häerz! Hien huet sech informéiert a forméiert ier mat der Maartplaz, dem Verkéierskonzept, dem Stadmarketing, der Stadvisioun 2030, dem Energiekonzept an elo dem Vëloskonzept landeswäit exemplaresch Aktiounen vun Bedeelegung a Matgestalten ugebueden goufen. Op zukünfteg Erausfuerderungen, wéi Schoulplanung, Maison Relais an PAG (Gesamtbebauungsplan) si mir optimal virbereet a kënnen mat Vertrauen mat eisem Buergermeeschter no fir kucken.