Elisabeth Wagner
28, Assistante sociale, Waarken
Elisabeth Wagner
- Assistante sociale
- Member vun der "Commission des relations humaines"

Opgewuess zu Waarken huet d’Elisabeth Wagner decidéiert sech politesch an senger Heemechtsgemeng ze engagéieren. Hat wëll dozou bäidroen datt d’Liewensqualitéit zu Ettelbréck esou héich bleift an se och nach weiderhin verbessert gëtt.

Vu Beruff Assistante sociale an als Member vun der „Commission des relations humaines“ sëtzt d’Elisabeth sech all Dag fir d’Rechter vu Mënschen an, déi a Noutsituatiounen geroden sinn. De Mënsch am Mëttelpunkt vu sengem politeschen a sozialen Engagement, wëllt hatt sech och op kommunalem Plang fir e solidarescht Ettelbréck asetzen.